FR | DE

Programm

14.10.2017 | 20 Uhr
Serge Tonnar & Legotrip
Bommeleeër Buddha

Rom Christnach, Bass, Gesang. Eric Falchero, Tasten, Gesang. Misch Feinen, Schlogezei. Gesang. Serge Tonnar, Gittaren, Gesang.
Boris Dinev, Marimba. Carole Weber. Perkussioun.
Martin Folz, Leedung vum Jugendchouer vum Conservatoire du Nord.
 
Am Serge Tonnar sengem neie Projet mat Legotrip geet et ëm d’Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëschent dem Bommeleeër an dem Buddha. An déi zwee sinn néideg fir als „Mënsch deen dësen Numm och verdéngt“ duerch d’Liewen ze trëppelen. De Bommeleeër ass hei natierlech net den Terrorist, mee de Kënschtler, dee mat faarwege Bommen aus Wierder an Noute säi Bäitrag fir déi bescht méiglech Gesellschaft leescht. An am Buddha ass d’Distanz, déi e brauch, fir iwwert säi klengen Ego, säi Lego a säin Trip eraus ze wuessen, an eens mat der Welt ze ginn an ze sinn.

Déi nei Lidder, un deenen zanter Enn 2015 geschafft gëtt, wollte fir d’éischt musikalesch net sou richteg beienee passen, well d’Influenze vu Volleksmusek iwwer HipHop, Blues, Gospel, Reggae bis Salsa an Tango ginn.
Déi gesichten Eenheet ass dunn mat den ongewinnten Arrangementer komm, mat exoteschen Marimbakläng a mat Stëmmen fir gemëschte Chouer, ë Part deen hei – exklusiv fir dëse Concert am CAPE – vum Conservatoire du Nord senge Jugendchéier iwwerholl gëtt.
 

 

Tarif normal 31 EUR / Tarif jeunes 15.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu