FR | DE

Programm

22.04.2018 | 17 Uhr
Revue 2018
Nei Revue

22.04.2018 17 Uhr
Texter vum John Moris, Patrick Kayser, Marc Weidert, Roland Meyer, Roland Kalté, Gast Zangerlé a Stefan Kunzmann.
 
No engem Joer Paus ass d’Revue, dee beléifte lëtzebuerger Cabaret, nees do! Den Ensemble Nei Revue Asbl steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss lëtzebuerger Theatertraditioun, déi op d’Joer 1896 zréckgeet, weider. Humoristesch zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot ! Et kann ee sech also iwwerraschen loossen vun där neier Equipe an engem Programm gefëllt mat Witzer, Lidder a Wuertspillereien deen dofir suerge wäert datt de Publikum seng traditionnell Revue erëm ka genéissen.
 
  Tarif normal 28 EUR / Tarif jeunes 14 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu