FR | DE

CA'PEDIA

12.11.2018 | 19 Uhr
WÉI LËTZEBUERG DRÄISPROOCHEG GINN ASS (Fernand Fehlen)
KULTURGESCHICHT LËTZEBUERG 2/10

Fernand Fehlen (Université du Luxembourg), Referent.

Dës Konferenz liwwert en Iwwerbléck iwwer d’Sproochegeschicht bis bei d‘Gesetz vun 1984 (Loi sur le régime des langues), an deem d‘Dräisproochegkeet offiziell festgeschriwwe ginn ass. Schonn am éischte Joerdausend huet sech a Westeuropa eng Grenz tëschen däitsch- a franséischsproochege Gebitter erausgebilt. D’Dynamiken, mat deenen sech fir d’éischt eng franséisch an dunn eng däitsch Sprooch entwéckelt hunn, ware ganz verschidden. Geneesou d’Verhältnis tëscht dem jeeweilege Nationalstaat a “senger” Sprooch. D’Lëtzebuerger Dräisproochegkeet ass nëmmen am Spannungsfeld vun dësen zwou Dynamiken ze verstoen. Vun 1841 un entstinn eegestänneg national Institutiounen (Schoul, Lehrerbildungsanstalt, Apostolesche Vikariat an dono Bistum) a Veräiner (Gesangs- a Museksveräiner) an domat en nationale Kommunikatiounskader, an deem sech, iwwer de lokalen Dialekter, eng nei Lëtzebuerger Verkéierssprooch erausbilt. D’Sproochwëssenschaft schwätzt haut vun engem „Ausbau“ vun der Sprooch. Dëse Prozess mat senge verschiddenen Etappen an dem wiesselhafte Gläichgewiicht vun den dräi Landessprooche steet am Mëttelpunkt vun der Konferenz.

 
Teilnehmer haben die Möglichkeit, sich für den ganzen Zyklus einzuschreiben und so ein Zertifikat der Erwachsenenbildung vom Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la jeunesse zu erhalten.

Organisiert in Zusammenarbeit mit dem Institut für Luxemburger Sprach- und Literaturwissenschaft der Fuerschungseinheit IPSE vun der Uni Luxemburg mit der Unterstützung der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.



  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeune 5.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu