CAPe
CAPe
KABARETT

Mittwoch 2. Juni 2010, 20 Uhr

Variatio delectat

Revue 2010

Revue
Helleger Bimbam
Lëtzebuerger Theater

Eintrittspreis(e)

Plein tarif 25 Euro
Réduit 12.5 Euro
Kulturpass 1.5 Euro

ZoGaMaS, Regie.
Sophie Maurer, Szenographie.
Li Marteling, Choreographie.
Josée Conrardy, Inspizienz.
Heng Kleren a Robi Arend, Musek.
Fabio De Colle, Embau.
Yvette Engel a Milly Heck, Kostümer.
Coiffure et Beauté BY TUN.

Mam Martine Haubrich, Nathalie Felten, Jessica De Melo, Al Ginter, Zoltan Gaetti, Elisa Glaesener, Paule Rodesch, Marcel Heintz, Frank Kuffer, Marc Camy, Will Aust a Jean-Claude Muller.

Déi traditionnell „Revue“ vum „Lëtzebuerger Theater“ (déi 114.) gëtt, wéi scho gewinnt, och dëst Joër zu Ettelbréck am Centre des Arts Pluriels gespillt ! No dem grousse Succès vun de leschte Joren (sämtlech Virstellungen waren an de leschte Joren emmer ausverkaf) am CAPe as a bleift et fir eis Equipe ee Muss,mat der Revue op Ettelbréck ze kommen. Dir laacht iwwert déi politesch a kulturell Evenementer vum vergaangene Joër, souzeson iwwert alles wat an eisem „klénge Ländchen“ sou lass war. Mir zervéieren Iech wéi emmer ee flotte Potpourri vu Sketcher a Lidder.
Sprooch: LU
Mittwoch, 2. / Donnerstag, 3. / Samstag, 5. / Sonntag, 6. Juni, 20 Uhr.

Et gëtt nees esou villes an eisem Land, wou ee sech d’Hänn kann um Kapp zesumme schloen – oder, wou ee vläicht besser huet, einfach driwwer ze laachen.

Helleger Bimbam !
An och dëst Joer sinn d’Revue-Auteure JOCHRI ( Josy Christen ), ÄLDJI ( Al Ginter ), MARQUIS ( Marc Weidert ), POP ( Pol Pütz ), ROMEY ( Roland Meyer ) a WAGU ( Guy Wagner ) eestëmmeg der Meenung : Fro net laang, wou komme mer hin ?, well mir si scho laang do.
Huel do nëmmen de Stater Tramm oder de Festungsmusée op den Dräi Eechelen – erlauter Projeten, déi scho Jorhonnerten a Jordausende schleefen –, mä da leeschte mer eis ower Schnapsiddien, déi mer guer net brauchen, wéi dee Pavillon vu 7 Milliounen Euro op der Weltausstellung zu Shanghai oder nach méi deier Militärfligeren, wou mer emol net wëssen wou d’Dir geet …
Okay, mir hunn an der Justiz Männer aus Goss, déi eise Rechtsstaat an der Riicht halen, mir hunn 112-Urgencen mat Samu a Pompjeeën a mir hunn och e Ministère vun der Égalité des Chances – mä 't freet sech just fir ween ? Ower nujee, Männer kloe jo net …
A stell der nëmme vir, du kéims elo no 30 Joer aus dem Prisong eraus, du géifs eis kleng Welt heiheem net méi verstoen. Grad ewéi deen eenzege Bewunner vun der neier Escher Cité Belval, dee sech do virkënnt ewéi Hellegen Owend eleng virum Beemchen.
Ma dach ! Well ob eis Lëtzebuerger Sprooch trotz Couren op der Uni.lu zu Dout zerbeetscht gëtt, ob d’Mady Delvaux mat sengem neie Schoulgesetz ganz missionaresch bei den Elteren „on tour“ ass oder ob eise Juncker zu Bréissel am Reen stoe gelooss gouf, dat sinn net eis kruzial Problemer, neen, mä den Homo luxemburgensis, deen hänkt u senger Zigarett beim Comptoir an u sengem Dikkrecher Béier. Helleger Bimbam, do hält bei eis aner de Spaass op. Dat ass eis Identitéit. An do hëlleft et och net ganz vill, dass d’Kanner mat Chèques Servicen a Maison Relais ëmmer méi verstaatlecht ginn - vun eisem Gesondheetsminister senge 700.000 Impfsprëtze guer net ze schwätzen !
Neen, éierlech, et wier elo un der Zäit, dass nees e Wonner geschitt, mä Wonner ginn et jo scho laang keng méi ! A wa mer herno och zu dräizeng um Dësch sëtzen an eis e Schwaarze Panther vu lénks ënnert enger Leeder iwwert de Wee leeft, sou dass de Lëtzebuerger Globus daagsdrop bei der Däiwel geet, da kënne mer wéinstens bis an all Éiwegkeet houffreg soen : Ajo, do wore mir derbei !

 

Zurück