Mittwoch 12. Mai 2010, 20 Uhr

De Fatzert
Eintrittspreis(e)
Claude Fritz, Regie.
Mam Marylène Czaicka, Julie Michaelis, Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Georges Kremer.
Dës Geschicht ass fräi erfonnt. Si ass awer vläicht geschitt, iergendwéi eng Kéier, iergend enzwousch, vläicht net grad esou, mee just e bësschen aneschter. Et geet hei ëm e Familljesträit an et geet ëm eng Ierfschaft. Dat ass alles net nei, sou eppes fënnt een op Schratt an Tratt. Och hei gëtt net gefaxt. Et gëtt gelunn a bedrunn, wou et nëmme geet. Et ass kee Braven am ganze Stéck, just d’Nathalie, d’Duechter aus dem Haus, mee duerfir ass hatt och dat Jéngst. „Mir wollten dech raushalen. Du kucks réischt an d’Liewen!“, seet seng Mamm. De Pol Pütz ass e Meeschter vun der Farce. Hien huet dat a ville Revuetexter an a senger Prosa bewisen. Seng Fieder ass spatz an hie setzt de Punkt op de I. Vläicht kennt Dir Iech an dësem Theaterstéck rëm an Dir kënnt gutt laachen, iwwert Iech selwer, oder éischter iwwert en aneren. Well de Fatzert, dat ass ëmmer deen aneren.
Sprache: LU

