CAPe
CAPe
CAPe
CAPe Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Ettelbruck
KABARETT

Mittwoch 27. April 2011, 20 Uhr

Donnerstag 28. April 2011, 20 Uhr

Freitag 29. April 2011, 20 Uhr

Samstag 30. April 2011, 20 Uhr

Variatio delectat

Revue 2011

Tschungel-Kämp
Tschungel-Kämp
Lëtzebuerger Theater --- SOLD OUT !!

Eintrittspreis(e)

Kulturpass 1.5 Euro
Réduit 12.5 Euro
Plein tarif 25 Euro

Abo Unterhaltung 1

REVUE 2011 "Tschungel-Kämp"
vum Jochri, Jay, Pop, Marquis, Romey a Wagu

Zoltan Gaetti, Regie. Josée Conrardy, Inspizienz. Heng Kleren a Robi Arend, Musek. Sophie Maurer, Scénographie. Fabio De Colle, Embau. Yvette Engel a Milly Heck, Kostümer. Coiffure By Tun, Coiffure a Maquillage.

Et spillt wéi gewinnt d'Equipe vum Lëtzebuerger Theater mam Martine Haubrich, Paule Rodesch, Nathalie Felten, Corinne Collé, Stéphanie Welbes, Dana Zangerlé, Angela Zuidberg, Marc Camy,
Will Aust, Jean-Claude Muller, Fränk Kuffer, Marc Schmit an Zoltan Gaetti
.

D’Equipe vum « Lëtzebuerger Theater » présentéiert am CAPe di 115e Editioun vu hirer traditionneller Revue. Wéi gewinnt maache si ee Querschnëtt vun den Evenementer aus dem vergaangene Joer. Matt spatzer Zong a frechem Witz zéihen si iwwert d’Politiker hier a maachen de Géck iwwert di lëtzebuerger an international Aktualitéiten. Des 4 Owender gi schons matt grousser Virfreed erwaard an eise Public léisst sech gäre matt flotte Sketcher a sprëtzege Lidder iwwert politesch, sozial a kulturell Faux-pasën un d’Laachen brengen.

D'Déiere sinn am Fong geholl déi besser Mënschen. Am Musical "The Lion King" vum Elton John haten si eis et virgemat, dee groussen "Circle of Life", dem Liewe säi Krees … an am berühmten Tschungel-Kämp dréit dee grousse Krees weider : Politiker, Sportler an aner Staren, déi hir beschten Eeër geluecht hunn, wëlle sech nees op eng dubiéis Aart a Weis profiléieren. An engem Tschungel ass ower och Chaos : Spuerprogramm, Gemengewalen, Volkszählung, Gesondheetsreform, Google a Wikileaks … jee, an engem Tschungel huet keen de richtegen Duerchbléck, esouguer den Hoppen Téid net, e Mann ewéi's du an an ech, - an deen huet en normalerweis !
Mä trotzdem kann ee roueg mat dem "Lion King" sengem Pumbaa a Simba "Hakuna Matata" soen – op lëtzebuergesch iwwersat : Et gëtt am Land kee Problem méi, well mir hunn endlech en Team Lëtzebuerg a virun allem ass d'Gëlle Fra jo nees heiheem …
Sprooch: LU

 

Zurück