Donnerstag 21. Januar 20 Uhr

Kriiis de Luxe
Eintrittspreis(e)
Et spillen Rol Gelhausen, Pascal Granicz, Monique Melsen, Karin Seywert.
Claude Fritz, Regie. Paul Dahm, Camille Nanquette, Musek.
Anouk Schiltz, Bühn. Sylvie Hamus, Christine Kneip, Kostümer.
Awer déi ganz Welt ass an der Kris, an do kréie mir Lëtzbuerger eis net nees einfach dolaanscht gedréckt. Et kriselt bis an d'Nische vun eiser Politik. D'Finanzkris huet sech zur Wirtschaftskris entwéckelt, an déi dreift déi sozial an déi oekologesch Kris hannerhälteg viru sech hir. Och Krise mussen a Krisenzäiten zesummen halen, wann se aus där selwechter eraus komme wëllen. Awer kriselt et net scho vill méi laang an eiser Gesellschaft? Wéivill Parzeläin vu Villeroy ass scho virun der Kris an de Stéit, deene privaten an deene politeschen, zerbrach ginn? A wien hätt da geduecht datt mir de Banken eng Kéier déi Sue virstrecke missten déi si eis elo nees léine mussen? Fir datt mer nees monter weider konsuméiere kënne wéi virdrun. Sou wéi eis Regierung dat gären hätt. Spuere kënne mer eis héchstens d'Iwwerleeung, ob dat nohalteg déi richteg Politik ass. Mëttelfristeg souere mer einfach mol weider op ganz héijem Niveau. Kris de Luxe eben.
Cabarenert
21./22./23. Januar um 20 Uhr



































