FR | DE

JUNGES PUBLIKUM

28.01.2020 | 14:30
Sous la neige
Les Bestioles // 1.5 - 4 Jahre

28.01.2020 14:30
Martine Waniowski, Regie, Spill. Amélie Patard, Berodung Choreographie. Philippe Rodriguez-Jorda, Berodung Dekor. Reda Brissel, Spill. Gilles Sornette, Musik. Brice Durand, Belichtung. Daniel Trento, Kostümer.
 
Eng wäiss Landschaft aus vill Seidepabeier, déi am Wand rauscht, wéi Schnéi knistert, opliicht a Welle schléit, invitéiert d’Spectateure ronderëm op eng sënnlech Rees. Aus dëser poetescher Landschaft erwächen zwee Acteure, ouni Wierder, imaginär Biller zum Liewen: De Pabeier gëtt e Fësch, dee seng Flossen ausbreet, en Ozean entsteet, de Pabeier fléit dervun lues a lues a Richtung Publikum, a fuerdert et op fir ze spillen.... Déi franséisch Compagnie Les Bestioles kreéiert fir déi ganz Kleng en abstrakt Universum, bei deem sech eng ganz Welt vu Formen, Toun a Gefiller virun hinnen opdeet. Begleet vun elektroakustescher Live-Musek, déi vun alle Säiten diffuséiert gëtt, ass de Spektakel en Erliefnes fir all d’Sënner.
 
Eng Produktioun vun der Compganie Les Bestioles a Koproduktioun mam Centre culturel Pablo Picasso - Scène conventionnée pour le jeune public – Homécourt. Mat Ënnerstëtzung vum Conseil Régional de Lorraine, vum Conseil Département de Moselle am Kader vum Cabanes festival de Moselle, an der Ville de Metz an dem SPEDIDAM.



 

Tarif normal 12 EUR / Tarif jeunes 6 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu