FR | DE

JUNGES PUBLIKUM

19.10.2019 | 16 Uhr
Shoes
Compagnie La Tête à l'envers // 3-6 Joer

19.10.2019 16 Uhr
Compagnie La Tête à l'envers
Anne-Claire Van Oudenhove, Regie. Adélaïde Huet, Regieassistenz. Melissa Leon Martin & Stéphanie Mangez, Schauspill. Sylviane Besson, Bühnebild. Perrine Langlais, Kostümer. Clément Papin, Lucht. Antonin De Bemels, Toun. Audrey Dero et Sylvie Baillon, de Bléck vu baussen.

Hutt dir iech schonn eng Kéier virgestallt, datt all puer Schong e Charakter huet? Sandalen, déi verspillt sinn; Stiwwelen, déi schonn e puer Alters- oder vläicht och Laachfalen hunn; Talleksschong, déi mat hiren spatzen Ecken e bësse geféierlech ausgesinn? D’Simone an d’Solange si Schousterinnen, déi all Schong mat Léift reparéieren an dobäi vill Fantasie hunn! Déi zwou Dammen erwächen d’Charakteren vun hire Schong zum Liewen, an dobäi brauche si mol keng Wieder. Si loossen d’Schong selwer danzen, spillen, an hir eege Geschichten erzielen, déi se vun deenen ville Platzen, op deenen se schonn waren, matbruecht hunn. E Schong seet vill: net nëmmen, wou e grad ass, mee och wien een ass, an wéi een duerch d’Liewen geet. De Schong steet fir d’Persoun, déi drastécht, an gëtt domat ganz einfach selwer zum Schauspiller an dëser Kreatioun. Fir déi ganz kléng ass dëst een poeteschen, éischten Schrëtt an den Theater.



 

Tarif normal 12 EUR / Tarif jeunes 6 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu