FR | DE

Archiv (aktuelle Saison)

24.05.2019 | 10 Uhr (Séance scolaire)
Haut scho gedreemt ?
GRONDSCHOUL ETTELBRÉCK

Déi flott Spektakel vun de Kanner vun der Ettelbrécker Grondschoul si schonn zum feste Bestanddeel vum Programm vum CAPE ginn. Nodeems an deenen leschten Joren schonn eng ganz Rëtsch Musicals op der Bühn ze gesinn waren, kann ee méi wéi gespaant sinn, wat d’Schoulkanner sech fir dës Saison nees afalen gelooss hunn! Fir si ass et ee spannend Erliefnes, en Deel vun engem kreative Prozess ze sinn, bei deem si léieren, sech auszedrécken, an hir sproochlech a musikalesch Kompetenzen weider ze entwéckelen.


Haut scho gedreemt ?
 
Haut scho gedreemt ? An der Nuecht ? Am Dag ?
Ee schéinen Dram ? Een ellenen Dram ?
Ee Wonsch-Dram ? Een Angscht-Dram ?
Dreem !!
Wou kommen se hier ?
 
Déi ronn 90 Kanner aus dem Cycle 4.1 vun der Ettelbrécker Grondschoul hun sech mat dësem Thema ausernee gesat, fir dëse Musical (baséirend op dem däitsche Musical « Toms Traum » vum Gerhard A. Meier) an enger ofweesslungsräicher Geschicht op der Bühn duerzestellen.
Ennerstétzt gitt dës Projet vum Jean-Paul Majerus vum SCRIPT.


  Tarif normal 14 EUR / Tarif jeune 6 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu