FR | DE

Archiv (aktuelle Saison)

18.11.2019 - 08.06.2020
Kulturgeschicht Lëtzebuerg vun de 50er Jore bis haut
Konferenzzyklus Uni.lu

Dëse Konferenzzyklus, organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an de Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature (CNL) an dem Centre national de l‘audiovisuel (CNA) gëtt e breeden Abléck an d’Geschicht vun der Kultur zu Lëtzebuerg vun de 50er Jore bis haut. Ausgoend vun engem oppene Kulturbegrëff, dee sech net just op Héichkultur beschränkt, ma dee Kultur souwuel als materiell Artefakten (Biller, Texter, Museksstécker, etc.) wéi och als Aktivitéiten, Ritualer, Traditiounen a Wësse versteet, féieren déi eenzel Konferenzen an d’Sozialgeschicht an an informéieren iwwert d’Entwécklungen an d’Roll vun de Muséeën, der Sprooch, der Literatur, dem Cabaret, der populärer Musek an dem Musekswiesen, der zäitgenëssescher Konscht an der Press.

D‘Virträg sinn awer méi wéi just eng chronologesch beräichsspezifesch Iwwersiicht, ma weisen donieft och, wat fir eng Roll der Kultur zënter dem 2. Weltkrich zoukënnt. Se verweisen op Vernetzungsprozesser, fir ze veranschaulechen, awéifern d’Opkommen an d’Entwécklung vun de verschiddene Konschtberäicher vu politeschen, wirtschaftlechen a sproochleche Bedingungen ofhänken, se dovu gepräägt sinn a wéi se dorop reagéieren. Se ginn och Äntwerten op d’Fro, firwat et réischt verhältnesméisseg spéit zu enger effektiver Kulturpolitik a Kulturfërderung komm ass a wat fir eng Konsequenzen dëst fir d‘Professionaliséierung vun de verschiddene Beräicher hat.

D’Nodenken an d‘Diskutéieren iwwert d’Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg erweist sech als interessant Feld mat komplexe Froen, engem räiche Wëssen iwwert eis kulturell villfälteg Landschaften a wäertvollen Erkenntnesser fir d’Zukunft. Jiddereen, deen sech fir dës Themen a Froestellungen interesséiert, ass häerzlech invitéiert, fir dëse Virträg nozelauschteren an uschléissend mat ze diskutéieren.


23. September 2019, 19h      
“Wat d’Hemecht ass, dat froen s’oft”: Hemecht als Allegorie vun Identitéit?
Marie-Paule Jungblut (Université du Luxembourg)
 
14. Oktober 2019, 19h
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zënter den 1960er Joren
Denis Scuto (Université du Luxembourg)
 
18. November 2019, 19h
Weider mam Jabel: D’Lëtzebuergesch nom 2. Weltkrich
Fernand Fehlen (Université du Luxembourg)
 
 16. Dezember 2019, 19h
“Lëtzebuerg op d’Weltkaart setzen“: Kulturpolitik vum nation-building zum nation branding
Fabio Spirinelli (Université du Luxembourg)
 
13. Januar 2020, 19h
Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum ‘digitale Wandel’ (1945-2019)
Yves Steichen (Centre National de l’Audiovisuel)
 
10. Februar 2020, 19h
Konschtgeschicht vun 1980 bis haut
Enrico Lunghi (Université du Luxembourg)
 
 09. Mäerz 2020, 19h
D’Entwécklung vum Lëtzebuerger Literaturbetrib an den 1960er a 1970er Joren
Fabienne Gilbertz (Centre National de Littérature)
 
 20. Abrëll 2020 à 19h
D’Kabarettsgeschicht zu Lëtzebuerg zënter de 1970er Joren
Claude D. Conter (Centre National de Littérature)
 
 11. Mee 2020, 19h
Lëtzebuerger Ouerwierm an hirer Zäit: Kulturgeschichten op Vinyl
Georges Urwald (Education nationale)
 
08. Juni 2020,19h
Lëtzebuerger Musek säit dem 2. Weltkrich.
Damien Sagrillo (Université du Luxembourg)



Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun den éischten dräi Konferenz sur place gemaat.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel mat der Ënnerstëtzung vun der ŒuvreNational de Secours Grande-Duchesse Charlotte.


  Tarif normal pour le cycle complet 110 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu