FR | DE

Archiv (aktuelle Saison)

23.09.2019 | 19 Uhr
"Wat d'Hemecht ass, dat froen s'oft": Hemecht als Allegorie vun Identitéit? - Marie-Paule Jungblut
Konferenzzyklus Uni.lu 1/10

Marie-Paule Jungblut (Université du Luxembourg), conférencière.

Et kënnt ee mengen, dass an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg, an deem méi wéi 50% Auslänner liewen, Heemecht ausser Moud komm wär. Dat ass awer net de Fall. De Begrëff gëtt zwar hautdesdaags net ëmmer explizit gebraucht, awer e schwéngt oft an aneren Thematike mat, z. B. wann iwwert de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch rieds geet. Mee net nëmme Lëtzebuerg kennt d’Heemecht, och an de Länner ronderëm Lëtzebuerg hunn d’Leit en Doheem. Am Virtrag soll dowéinst fir d’éischt emol an historescher Perspektiv gekuckt ginn, wat ons Lëtzebuerger Heemecht mat der franséischer, der wallounescher an der däitscher gemeinsam huet a wat se dovunner ënnerscheet. An engem zweeten Deel soll dann un ausgewielte Beispiller gewise ginn, wat fir Biller vun der jeeweileger Heemecht Muséeë vum Éislek iwwert d’Musel bis an de Minett entwerfen, wéi se dobäi virginn, wat dat iwwert déi Muséeën ausseet an u wien sech déi Responsabel riichten. An engem leschten Deel soll dann d'Fro gestallt ginn, ob a wéi de Lëtzebuerger an de frieme Musées-Visiteuren hir Virstellungen vun der typescher Lëtzebuerger Heemecht vun den Ausstellungen beaflosst ginn.


Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun den éischten dräi Konferenze sur place gemaat.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel mat der Ënnerstëtzung vun der ŒuvreNational de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu