FR | DE

Archiv (aktuelle Saison)

18.11.2019 | 19 Uhr
Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom 2. Weltkrich - Fernand Fehlen
Konferenzzyklus Uni.lu 3/10

Fernand Fehlen (Université du Luxembourg), Referent.

Am zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d’Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit “Lëtzebuergesch” als “Muttersprache” uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. Mee wéi de Krich bis eriwwer war, huet sech kaum eppes um eigentleche Sproochgebrauch changéiert. Och d’Astellunge vis-a-vis vun den dräi Landessproochen hunn sech eréischt lues a lues geännert. D‘Sproochegesetz vun 1984, dat dem Lëtzebuergeschen den offizielle Statut vun enger Nationalsprooch ginn huet, ass nëmmen eng Etapp op dësem laange Wee. Wien huet sech fir dëst Gesetz agesat a wien huet et gebremst? Net déi Haaptprotagonisten – Lex Roth, Fernand Hoffmann a Guy Rewenig – , mee déi gesellschaftlech Kräften, déi sech hannert dëse profiléieren, sollen am Mëttelpunkt stoen. Den eigentlechen, fulminanten Opschwong vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnt eréischt am Ufank vum 21. Joerhonnert. Och do gëllt et, déi sozio-ekonomesch Ressorte vun där Dynamik ze beschreiwen. Wéi geet et weider? Wat sinn d’Erausfuerderunge vu muer? Kee vun ons kann an d’Zukunft kucken, trotzdeem zeechnen sech verschidden Zeenarioen elo schonn of.



Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun den éischten dräi Konferenze sur place gemaat.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.


  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu