FR | DE

november

30.11.2018 | 20 Uhr
ENDLECH ALASKA!
+ THEATER

Jay Schiltz, Text. Claude Mangen, Regie.
Cristina Kneip, Regieassistenz. Sylvie Hamus, Kostümer.
Mam Monique Melsen, Mady Dürrer a Marcel Heintz.

Nodeems dëst Stéck huet missten di lescht Saison reportéiert ginn, heescht et elo: Endlech Alaska! Den Jay Schiltz schléisst mat dësem drëtten Deel seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska) an dem Marcel sengem Ausfluch an d’Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?) maachen déi zwee am leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d’Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift den Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.


  Tarif normal 21 EUR / Tarif jeune 10.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu