FR | DE

november

10.11.2018 | 14 Uhr | 17:30
HËLLEF, MÄI BEEN ASS UM MOUND
JUNGES PUBLIKUM

Ee flott Theaterstéck fir Kanner vu 4 Joer un, fräi nom Gerdt Bassewitz sengem Kannermärchen „Peterchens Mondfahrt“. Doheem beim Pit an dem Lis wunnt de Kiewerlek T. Sumsemann. Viru laanger Zäit hat een Holzdéif dee Bam ëmgehaen, op deem dem Här Sumsemann säin Urgrousspapp souz. Als Strof huet eng Fee den Holzdéif op de Mound geschoss. Mä leider gouf och dem Urgoussbopa säi Bee mat op de Mound geschéckt. Vun deemools u kritt all Kiewerlek aus der Famill Sumsemann nëmme méi fënnef Bee bis zu deem Dag, wou zwee léif Kanner d’Been op de Mound siche ginn. Fir den Här T. Sumsemann de Pit an d’Lis fänkte sou déi spannendst Rees vun hirem Liewen un.


  Tarif normal 10 EUR / Tarif jeune 6 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu