FR | DE

april

27.04.2019 | 20 Uhr
REVUE 2019
CABARET

Mam Brigitte Bintz, Liliane Luyckfassel, Stéphanie Welbes, Dana Zangerlé, Will Aust, David Bettinelli, Marc Camy, Gérard Heinen, Rafael Parrinha, Ricardo Vieira.

Nico Lessyn, Regie. Willy Blommaerts, Regieassistenz.

Nodeems di Nei Revue 2018 hire Comeback mat Succès gefeiert huet, ass dee beléifte lëtzebuerger Cabaret nees do! Den Ensemble vun der Neier Revue steet mat engem lëschtegen an ofwiesslungsräiche Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss lëtzebuerger Theatertraditioun, déi op d’Joer 1896 zréckgeet, weider. Humoristesch, zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangent Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot! Ee mat Witzer, Lidder a Wuertspillerei gefëllte Programm, an deem Politiker, besonnesch no de Walen am Hierscht, a Perséinlechkeeten aus eisem klenge Ländchen hiert Fett ewech kréien an och ons Gesellschaft, mat all hiren Ausrutscher, gëtt op d’Schëpp geholl mat flotten a bëssegen Texter.


Eng Produktioun vun der a.s.b.l. Nei Revue.


  Tarif normal 28 EUR / Tarif jeunes 14 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu