FR | DE

Programm

13.06.2019 | 09 Uhr (Séance scolaire) | 10:30 (Séance scolaire)
FREDERICK
OBJEKTTHEATER & MUSIK

LA COMPAGNIE DU GRAND BOUBE
FRÄI ADAPTÉIERT NO DER BILLERGESCHICHT VUM LEO LIONNI

Renelde Pierlot, Erzielung a Schauspill. Franz Leander Klee, Piano. Ann Majerus, Gei. Francis Schmit, Konzept, Inzeenéierung. Franz Leander Klee, Musikalesch Adaptatioun, Direktioun. Romain Stammet, Bühnebild, Luucht. Peggy Wurth, Kostümer. Céline & Rüdiger Leuchter, Spezialeffekter. Agnès Limbos, Bléck vu baussen, Berodung (Objeten). Mani Muller, Berodung (Dramaturgie). Mahlia Theismann, Regieassistenz. Escher Theater, Bühnekonstruktion.

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Amplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Di aner Mais froen hien „Ma wat méchs du do, amplaz eis ze hëllefen?“, mee seng Äntwere bleiwe rätselhaft. De Frederick sammelt schéi Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowender. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann... Hien ass e richtegen Artist!  
 
D’Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht Frederick fräi als Musektheater adaptéiert. Eng Schauspillerin spillt an erzielt d’Geschicht mat Objeten a mat Schiedprojektiounen. E Pianist an eng Violonistin begleeden si dobäi an interpretéieren de?i 27. Sonat vum Mozart.
 
D’Compagnie du Grand Boube huet sech 2004 als Initiativ vum Carole Lorang, Mani Muller a Bach-Lan Lê-Bà Thi zesumme mam Peggy Wurth a Jérôme Varanfrain forméiert. Si hu sech domadder eng Plattform kreéiert, fir hir ënnerschiddlech Expertisen am Schreiwen, der Video- a Kostümkreatioun, der mise en scène, an der Comedy ze verbannen.  

 
Eng Produktioun vun der Compagnie du Grand Boube a Koproduktioun mat CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater, Kulturhaus Niederanven. Mat der Ënnerstetzung vun de Rotondes.



  Tarif scolaire 6 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu