FR | DE

Programm

01.03.2020 | 16 Uhr
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse si wibbeleg
Eng grouss musikalesch Party vir Kanner // 4-9 Joer

01.03.2020 16 Uhr
Eng grouss musikalesch Party vir Kanner

Dan Tanson, Iddi, Konzeptioun a Gesank. Georges Urwald, Arrangementer, Piano,
Akkordeon, Klackespill. Max Sauber, Arrangementer, Elektronik a Getrommels. Christian Peckels, Gittar. Tom Wiot, Bassgei. Jhang KohnenNoemie Leer Gei a Gesank. Patrick Kim Wilhelm, Trombonn. Jessica Quintus, Sopran- an Altsaxophon, Backing Vocals. Bert Marijsse, Luucht. Georges Majerus, Tountechnik, Opnam, Mix. Mike Butcher, Mix & Mastering. Arend Herold, Produktiounsleedung. Milla Trausch, Bléck vu baussen. Nathalie Moyen, Choreographie. Anne-Marie Herckes, Kostümer. Claude Grosch Visuals & Animatiounen.
 
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg an si hu Lidder aus der ganzer Welt am Gepäck! Hir Missioun: Déi kleng Piraten un d’Wibbelen an un d‘Sangen kréien. Gedanzt duerf natierlech och ginn, ëmmerhi wëll d’Madamm Li, dass hir Matrousenband eppes fir d’Figur mécht a nees a Form kënnt. Déi erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, a Popsongs vu Poutty Stein bis Van Halen an The Cure kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kënnt an déi zweet Editioun. Den Dan Tanson an de Georges Urwald hu sech et als Ziel gesat, Kanner a Jugendlecher fir Musek ze begeeschteren, andeems si se motivéiere selwer matzemaachen, sief dat beim Sangen, Danzen oder bei spilleresche Workshops. Am CAPE invitéiere si d‘Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotte Matmaach-Concert ze erliewen.
 
Eng Produktion vun AllerRetour an der Philharmonie Lëtzebuerg. Koproduktioun Théâtre d’Esch an dem Centre Culturel „Aalt Stadhaus“ zu Déifferdéng.


  Tarif normal 12 EUR / Tarif jeunes 6 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu