FR | DE

Programm

06.12.2019 | 20:30
Buffalo C. Wayne & Band
Americana

06.12.2019 20:30
 Buffalo C. Wayne, guitar, lead vocals. Stamatis Pitropakis, lead guitar. Guy Rens, keyboards. Alan Booth, bass, vocals.

Dem Buffalo C. Wayne säi Programm Americana kombinéiert Live-Musek mat enger Film-Projektioun fir ë flott Erliefnes iwwer den amerikanesche Way of Life. De Film erzielt ënner anerem dem Buffalo seng Kanner- an Jugendzäit am Patton Town Ettelbréck, an wéi hien duerch eng amerikanesch Famill, déi an de 60er a 70er Joeren zu Ettelbréck gelieft huet, d’amerikanesch Sprooch a speziell de Südstaaten-Twang geléiert huet, an soumat och zur Country Music komm ass. Doriwwer eraus weist de Film och Opzeechnunge vum Buffalo senge
Musekstournéeën mat wonnerbare Landschaftsopnamen a rare Bild-Reportagen iwwer US-Rock- & Country-Stars. De Buffalo C. Wayne ass e Storyteller a Singer- Songwriter, dee méi ze bidden huet wéi nëmme Country- & Western-Musek. Seng Musek reflektéiert déi ganz  musikalesch Palette vun de Südstaaten, dorënner och de groovegen Outlaw Blues a Southern Rock. De European Texan, wéi hie vu sengem texanesche Frënd Lyle Lovett genannt gëtt, steet fir een authentescht amerikanescht Liewensgefill, fir selwer erliefte Geschichten
a selwer geschriwwene Lidder.


 

Tarif normal 21 EUR / Tarif jeunes 10.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu