FR | DE

Programm

30.11.2019 | 20 Uhr
Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller
vum Guy Rewenig

30.11.2019 20 Uhr
Guy Rewenig, Text. Frank Hoffmann, Regie.
Mam Mark Baum, Jean-Paul Maes.

„Firwat invitéiert hie mech?, hunn ech mech gefrot. Wat stécht do derhannert? Ass et Taktik? Wëllt hien eppes vu mir hunn?“ Zwee Männer, e Procureur an e Riichter, treffen sech fir eng Aussprooch an engem ofgeleeëne Weekendhaus matzen am Éislek. Wat ufanks ausgesäit wéi e gemittlechen Härenowend, entwéckelt sech lues awer sécher an eng onerwaarte Richtung. Wéi de Riichter nom Iesse virschléit, säin neien Hobbykeller ze besichen, kënnt et zu engem Debakel. Dem Guy Rewenig säi Stéck erzielt wéi vun engem Ablack op deen aneren déi charmant a friddlech Fassad vun der Lëtzebuerger Bourgeoisie zesummebrieche kann. Et ass eng gëfteg “Heemechtsparodie” mat schwaarzen Akzenter. Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller ass fir den Auteur an de Regisseur och mat engem klenge Jubiläum verbonnen: De Frank Hoffmann inszenéiert fir déi 10. Kéier e Rewenig-Stéck – zanter 36 Joer maachen déi zwee Hären zesummen Theater.

Production Théâtre National du Luxembourg.



  Tarif normal 21 EUR / Tarif jeunes 10.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu