FR | DE

Programm

14.10.2019 | 19 Uhr
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zënter den 1960er Joren. - Denis Scuto
Konferenzzyklus Uni.lu 2/10

Denis Scuto (Université du Luxembourg), Referent.

Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstem zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D’Bevölkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal verduebelt an engem halwe Jorhonnert. Den Denis Scuto wäerft e Bléck op e puer vun den Transformatiounen vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an de leschte 50 Joer: den Iwwergank vum Auswanderungs- an Awanderungsland zur Immigratiounsgesellschaft; vun der traditioneller Famill zur Villfalt vun de Familiemodeller haut; d’Verännerungen an der Struktur vun der Arbecht, dem Verhältnis tëscht Arbecht a Fräizäit, mee och tëscht Fra a Beruff; d’Verännerungen och tëscht an innerhalb de soziale Milieuën, déi sech an de Jorhonnerte virdrun erausgebild haten: Bourgeoisie, Klengbiergertum, Baueren, Arbechter; d’Entwécklung vum Sozialstaat an senge verschiddenen Aspekter (Sozialversécherungen, Sozialdialog, Bildung, Wunningsbau, Stadplangung asw.); de Wandel vun der Astellung zu Wäerter, Relioun a Kierch am Kader vum spezifesch europäeschen Sekulariséierungsprozess.


Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun den éischten dräi Konferenze sur place gemaat.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.


  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu