FR | DE

Programm

16.12.2019 | 19 Uhr
"Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen": Kulturpolitik vum nation-building zum nation branding - Fabio Spirinelli
Konferenzzyklus Uni.lu 4/10

16.12.2019 19 Uhr
Fabio Spirinelli (Université du Luxembourg), Referent.

De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwert déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien, an d’Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère gefouert hunn. Et soll ë.a. gewise ginn, dass mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation-building, wéi et an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d’Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an den Discourse gefeelt. War d’Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwee Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D’Kulturpolitik ass an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesi ginn, d’Land am Ausland ze promouvéieren – a Lëtzebuerg op d’Weltkaart ze setzen.



Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.


  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu