FR | DE

Programm

11.05.2020 | 19 Uhr
Lëtzebuerger Ouerewierm an hirer Zäit: Kulturgeschichten op Vinyl - Georges Urwald
Konferenzzyklus Uni.lu 9/10

11.05.2020 19 Uhr
Georges Urwald (Education nationale), Referent.

Populär Lidder verroden eis sou muenches aus hirer an iwwert hir Zäit. All Lidd, dat glécklecherweis deemools vu Plackelabele wéi Discolux, Edy Noël oder Luxembourg Sound op Vinyl veréiwegt ginn ass, hält eis eng kleng Geschichtsstonn iwwert Kultur zu Lëtzebuerg, wann een esou wëll. ‘Ouerewiermsänger’ wéi Micky Erpelding, Mesy Faber, Juliette Nürenberg, Aly Bintz, Marcel Jander oder Hary Haagen (net ze vergiessen ‘Kannerstaren’ wéi Marie-Madelaine, Dany, De klenge Fernand oder Roby) sangen iwwert beléifte Fräizäitbeschäftegungen (Um Camping, Mäi Pony), Iessen an Drénken (Lëtzebuerger Spezialitéiten, Béierlidd vum Hary Fonck), d’Bild vun der Fra (Déi nei Blus, Déck oder dënn), Mobilitéit (De leschten Tram, Mir fléien op de Mound), Sport (Den Hunn op der Bunn, Futtballslidd) oder Moud (D’Miniräck, De Bibi).
Liddtexter a Musek ginn en Abléck an d’Gesënnungen an d’Haltunge vun de Leit, loossen ‘Sounden’, déi eng bestëmmten Zäit gepräägt hunn, an natierlech d’Interpreten, déi haut nach feste Bestanddeel an de Biografië vun der Nokrichsgeneratioun sinn, erëm opkléngen.


Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.


  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu