FR | DE

Programm

09.03.2020 | 19 Uhr
D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Literaturbetrib an den 1960er a 1970er Joren - Fabienne Gilbertz
Konferenzzyklus Uni.lu 7/10

09.03.2020 19 Uhr
Fabienne Gilbertz, Referentin.

Am Discours iwwert d’Lëtzebuerger Literatur ginn d’1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt genuin literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid entwéckelen de Genre vum Neie Lëtzebuerger Roman a liwweren domat wichteg Impulser fir d’Entwécklung vum Lëtzebuergeschen als Literatursprooch, a mam Lëtzebuerger Schrëftstellerverband entsteet eng Auteursgewerkschaft, déi sech fir d’Unerkennung vum literaresche Schreiwen als Beruff a fir d’Rechter vum Lëtzebuerger Auteur asetzt. An dësem Virtrag gëtt no den Urspréng vun dëse literareschen an institutionelle Verännerunge gefrot. Et gëtt ënnersicht, wéi sech de Literaturbetrib nom 2. Weltkrich an am Zesummenhang mat de gesellschaftlechen Evolutioune vun där Zäit entwéckelt (68er- a Fraebeweegung, Bedeitungsverloscht vun der Kathoulescher Kierch, sozialpolitesch Reformen etc.). Dofir gi verschidden Elementer vum Literaturbetrib méi genau analyséiert: Literaresch Zäitschrëften a Publikatiounsreien, d’Grënnung vun onofhängegen Theaterensemblen (z.B. de Kasemattentheater, den T.O.L. an den Théâtre du Centaure), Veranstaltunge wéi d’Munnerefer Dichterdeeg an d’Konsdrefer Scheieren, Gruppéierunge wéi impuls an de lochness-Verlag a gewerkschaftlech Strukturen wéi d’Lëtzebuerger Konschtgewerkschaft. Et kann dobäi gewise ginn, dass d’Entwécklung vum Literaturbetrib op dräi zesummenhängenden Niveauen ofleeft: Éischtens kann an de literareschen Texter eng Beweegung fort vun der Heimatliteratur hin zu enger engagéierter an experimenteller Literatur observéiert ginn, zweetens kënnt et, strukturell gesinn, zu der Grënnung vun alternativen, politesch onofhängen a kënschtleresch oppenen Institutiounen, a schliisslech verännert sech och d’Selbstbild an d’Selbstbewosstsi vun de Lëtzebuerger Auteuren.



Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.


  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu