FR | DE

Kalender

15.06.2019 | 14 Uhr
Fête de la Musique 2019 à Ettelbruck
+ MUSIK

Concert’en a festlech Stëmmung: d’Fête de la Musique zu Ettelbréck fënnt dëst Joer Samschdes, de 15. Juni 2019 statt. Museksfrënn an Virwëtzeger kënne sech iwwert ee breet gefächerte Museksprogramm freeën, dee selbstverständlech fir jidderee gratis ass. Op der Place Guillaume an an der Groussgaass zu Ettelbréck empfänke mir Iech gär fir an enger entspaanter Atmosphär d‘Fête de la Musique ze feieren. D’Biergerbühn verkierpert den elementaren Grondgedanken vun der Fête de la Musique, déi mëttlerweil ronderëm déi ganz Welt organiséiert gëtt: D’Mënschen sollen eraus op d’Strooss goen an einfach Musek maachen. A propos Strooss: D’Bühn steet deen Dag an der Groussgaass vun Ettelbréck.

Programm:

Biergerbühn op der Wëllemsplaz/Groussgaass
14h00-14h20    Gustav und Gerlinde (walking act)
 Gustav, sousaphon. Gerlinde, Melodica.
Mat hiren ongewéinleche Blosinstrumenter, Sousaphon a Melodica, a Lidder vum Johnny Cash oder Pharell Williams suergen déi zwee Museker aus der Pfalz iwwerall fir gutt Stëmmung. Wou si spillen, sinn d’Leit fir d’éischt iwwerrascht, juppen dann mat de Féiss, a si schlussendlech ganz begeeschtert vun dësem “Volksgroove”.

14h20-15h00    Nordstad Jazz Duo
Paul Linckels, Gittar. Serge Paquet, Saxophon.
Déi zwee erfueren Jazz-Musiker aus der Nordstad erfreeën d’Visiteure vun der Fête de la Musique zu Ettelbréck mat hire flotten Interpretatioune vu bekannten Jazz-Standards.

15h00-15h20    Gustav und Gerlinde (walking act)

15h20-16h00    LTEtt-Band
Lynn Hozay, Gesang. Daniela Bassi, Gesang. Gary Bechen, Gitarr. Änder Lippert, Gitarr. Matti Haagen, Bass. Fabienne Wildgen, Schlogézei. Georges Reding, Keyboard.
D’Schoulband vum Lycée Technique d'Ettelbruck, bei der souwuel Studenten wéi och Enseignanten matspillen, suergt fir Rock-Stëmmung mat Coversongs.
 
16h00-16h20      Gustav und Gerlinde (walking act)
 
16h20-17h00      Kasy & Band - Cape Verde Vibes from Ettelbruck
 Toy Santos, Gitarr. Candido Santos, Bass. Danilson Delgado, Schlogézei. Casemiro Rodrigues, Gesang a Gitarr.
 Déi aus dem Capvert stamend Museker vu Kasy & Band zéie musikalesch Inspiratioun aus hirem kulturellen Hannergrond. Hir matrappend kreolesch Melodien mëschen sech mat Elementer aus italienescher, spuenescher an portugisescher traditioneller Musek. Ronderëm de Grënner a Sänger Casemiro Rodrigues versammelen sech dräi weider Talenter.

17h00-17h20     Gustav und Gerlinde

17h20-18h00     Nordstad HipHop
Als Ofschloss vun der Biergerbühn presentéiert e Kollektiv aus der Nordstad verschidde Stiler vun Hip Hop. Si rappen a gi begleet vu fette Beats am DJ-Mëschpult.
 
CAPE
18h00-19h00      „Fënnef Jugend-Museken aus der Regioun zesummen op enger Bühn“
Sally Nickels, Sandy de Marie, Jeff Schiltz, Rainer Serwe a Bob Minette, Direktioun.
46 Kanner a Jugendlecher aus de Jugend-Museken vun Dikrech, Ettelbréck, Feelen, Ierpeldéng, Schieren an dem Conservatoire du Nord Dikrech/Ettelbréck op engem gemeinsame Concert am Auditorium vum CAPE. Et ass den Ofschlossconcert vun engem Stage ënnert dem Motto „Zesumme musizéieren“.


Organisé par le CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck en collaboration avec le Ettelbruck City Tourist office et avec le soutien de la Ville d’Ettelbruck.
  0 EUR



Zu Kalender hinzufügen
Kontakt
1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbruck
Tel : +352 26 81 21-1mail@cape.lu